
63 Joer, bestuet a Papp vu 4 Kanner.
Fréier Ingenieur bei BCE-RTL, haut an der Pensioun.
Meng Hobbye sinn: Mäin Hond, Video a Fotografie,
Motorradsreesen a Sport.
Vun 2011 bis 2017 Member vum Gemengerot, haut nach Member vun der Kulturkommissioun, der Ëmwelt- a Weegekommissioun a vum 3ten Alter.
Ech wëll mech fir erneierbar Energien asetzen, do wou se Sënn mécht, a géint d’Verschwende vu Ressourcen, finanzieller an energeetescher Aart.
Schenkt mir an onser Equipe äert Vertrauen an är Stëmm, fir dass mir ons zesumme fir all ons Bierger a fir de Wuel vun der Gemeng asetze kënnen.
Jean Schwartz 2025